Header mapped links:

Link1: Link2: Link3: Link4: Link5:

D'SuperSpillMobil as ënnerwee

 

"Maach mat - Spill mat - Gewann mat"

 

D’Kanner sinn di bescht Multiplikatore fir ëmweltbewosstent Handelen. Wat läit also méi no, wéi d’Kanner op eng spilleresch Manéier z’informéieren an se fir en ëmweltbewosstent Handelen ze sensibiliséieren. Aus deem Gronn ass d’SuperSpillMobil entwéckelt ginn, en ëmgebaute SuperDrecksKëscht®- Container, wiederonofhängeg, mobil an dofir villsäiteg ze gebrauchen.


 

 

 

D’SuperSpillMobil offréiert Spiller, déi fir verschidden Altersgruppen, vun der Spillschoul bis zum Teenager, konzipéiert sinn. Och erwuesse Leit hu vill Spaass mat eise Spiller, besonnesch am Concours mat hire Kanner. D’Spiller kann een eleng oder an der Grupp spillen, a jidder Spiller kritt e Merci. Dat aktuellt SuperSpillMobil huet dës Spiller:

 

 

- Liewensraim 
- Super-Sammel-Spill 
- Wat fille mer ? 
- Froen an Äntwerte-Spill 
- Waasserspill

- Energiespill “Spuer Watt”

 

D’SuperSpillMobil gëtt de Schoulen, de Veräiner oder de Gemenge vu Lëtzebuerg gratis zur Verfügung gestallt, a wann Dir wëllt, kritt Dir et och fir Är Organisatioun. Et ass zënter 1996 mat groussem Erfolleg am Asaz, an der Moyenne, méi wéi een Dag an der Woch.
Weider Informatiounen an Ufroe kritt Dir iwwer Telefon 488216-228 (Mme Malou Origer)) oder iwwer E-Mail info@sdk.lu .

Déi aktuell SuperSpillMobil-Broschür kënnt Dir als PDF-Datei downloaden oder bei ons bestellen:

 

Klicken Sie um die PDF zu laden.