Header mapped links:

Link1: Link2: Link3: Link4: Link5:

25 Joer SuperDrecksKescht® – Sécherheet & Zukunft



Nohaltegkeet, wat heescht dat eigentlech ?
Et heescht, datt mir an eis Kanner och an Zukunft eng Liewensqualitéit hunn, déi eis en agreabelt a glécklecht Liewe garantéiert. An dat net nëmme bei eis an Europa, mä weltwäit.

D’Ëmsetzung vun enger nohalteger Politik duerch praxisgerecht Projeten an Aktiounen – dat ass d’Aufgab vun der SuperDrecksKëscht, eng Aktioun, déi vum Nohaltegkeetsministère, vun de Gemengen a vun der Chambre des Métiers gedroe gëtt.

D’SDK kuckt op 25 Joer erfollegräich Aktiounen zréck a wëllt och an Zukunft dëse Modell, deen seng Prouf bestan huet, europawäit a global ëmsetzen.

Datt di Lëtzebuerger Aktivitéiten ëmmer méi staark unerkannt ginn, beweist di aktuell Bewäertung als Best-Practice-Referenz vun der Europäescher Kommissiuon zum Moment vum 25. Jubiläum vun der SDK.
Sécherheet an Zukunft fir eis all, datt dat machbar ass, dat beweist dat Lëtzebuergescht Beispill.