Header mapped links:

Link1: Link2: Link3: Link4: Link5:

Speziallogistik – e sécheren a kompetenten Transport

Bei der SuperDrecksKëscht® gi Spezialcamionen agesat, déi d’Ofwécklung vun de Wäert-a Problemsubstanzen an de Betriber, wéi och op de mobilen Sammlung und permanente  Sammelplaze vun der SuperDrecksKëscht® fir Biirger iwwerhuelen.

Déi Camionen a Container si mat allen noutwendege Sécherheetsdispositiven aus dem internationalen Transportrecht ageriicht, déi en Transport ouni Gefor, souguer vu geféierleche Matièren, garantéieren.

Besonnesch bei spezielle Moossnamen (regelméisseg Entsuergunge vu Wäert- oder Problemmatièren a klenge Quantitéiten, d’Entsuergen vu Spezialproduiten, wéi Propan/Butangasfläschen oder Chemikalien), kann d’SuperDrecksKëscht® fir Betriber och d'Ofwëcklung iwwerhuelen.