Projekte mit Partnern
![]()
Batterien
D’Asammele vu Batterië geschitt an Zesummenaarbecht mat der Chambre des Métiers, der Fédération des Artisans, der Chambre de Commerce an der Confédération de Commerce.
An de Supermarchéen, am Fachhandel an op villen ëffentleche Plaze sti Sammelbehälter. Vill Supermarchéen a Fachgeschäfter hu sech och un der Aktioun « Clever akafen – rechargeabel Batterien a Chargeure kafen » bedeelegt.
Medikamenter a Sprëtzen
D’Asammelen vu Medikamenter a Sprëtzen ass eng Zesummenaarbecht mat de Lëtzebuergeschen Apdikten (Syndicat des Pharmaciens luxembourgeois). Bal all d’Apdikten huelen al Medikamenter a Sprëtzen of. Et kann ee souguer fir d’Sprëtzen gratis an der Apdikt Sécherheetskëschte kréien.
Briqueten
SuperDrecksKëscht®, Heintz van Landewyk an HORESCA hunn am Handel, op Tankstellen a Restauranten spezial Briquetskëschten opgestallt. Aus Sécherheetsgrënn sollten déi al Briquete separat entsuergt ginn, well a villen ass nach brennbaren a klimaschiedleche Gas.

