SuperSpillMobil - Maach Mat, Spill Mat, Gewann Mat
Clever akafen - maacht eppes fir d’Ëmwelt an Äre Portmonni !
Akaf plus - ëmweltfrëndlech akafen fir Gemengen !
Bei ons kritt Dir eng Iddi fir de richtegen Ëmgang mam Offall, Dir gitt informéiert, wéi Dir e vermeiden, sammelen an entsuergen sollt, Dir héiert vun eisen aktuellen Aktiounen, a.s.w., sou datt d'SuperDrecksKëscht® fir jiddereen, jonk oder aal, privat oder Betrib, eppes ze bidden huet.
Auszeechnung als best practice
Vum Bankeland zum Ëmwelt-Innovatiouns a Musterland
SDK vun der EU-Kommissioun als ”best practice” ausgezeechent
méi...
De SuperDrecksKescht-Fillm - Sécherheet & Zukunft
Nohaltegkeet, wat heescht dat eigentlech ?
Et heescht, datt mir an eis Kanner och an Zukunft eng Liewensqualitéit hunn, déi eis en agreabelt a glécklecht Liewe garantéiert. An dat net nëmme bei eis an Europa, mä weltwäit.
méi...
Keng Pestiziden am Haushalt
Am lëtzebuerger Waasser ginn zënter Joere regelméisseg Réckstänn vu Pestizide festgestallt. Dat gëllt fir d’Grondwaasser esou gutt wéi fir d’Baachen, d’Flëss an d’Séien. D’Waasseranalyse weisen och, datt e groussen Deel vun de Pestizidsréckstänn net nëmmen aus dem landwirtschaftleche Beräich stamen, mä genau sou aus dem privaten an ëffentleche Gebrauch kommen..
méi...
Elektresch Späicherheizapparater sécher entsuergen
Elektresch Späicherheizungen ware laang eng gënschteg a praktesch Alternativ zu Ueleg- a Gaszentralheizungen. D’Ëmwandele vu Stroum a Wäermt ass propper a kammoud. Vu Virdeel ass, datt déi Apparater kee Verschläiss a keng Ënnerhaltskäschten hunn, an de Stroum praktesch iwwerall ouni groussen Opwand disponibel ass (keng Leitungen, kee Kamäibau).
méi...
SuperSpillMobil
D’Kanner sinn déi bescht Multiplikatore fir en ëmweltbewosstent Handelen. Wat läit also méi no, wéi eis Kanner op eng spilleresch Manéier z’informéieren a fir en ëmweltbewosstent Handelen ze sensibiliséieren.
Aus deem Gronn ass d`SuperSpillMobil entwéckelt ginn, dat ass en ëmgebauten SuperDrecksKëscht®- Container,
wiederonofhängeg, mobil an dofir villsäiteg asetzbar.
méi...
Clever akafen
Clever akafen – Produiten, déi d’SDK virschléit
méi...
OekoTopTen
déi ecologëscht bescht Produiten fand ihr ënner
Haushalt, Elektro, Mobilitéit
méi...